WE WORK

BRAND IDENTITY

Dir musst Iech dringend fir de Lifedesign vun äre Clienten interesséieren.

Passt Dir an de Kitsch a Porno eran?

Mir analyséiere wat ass a wat war. Fänke vläicht vu vir un.

CAMPAIGN

Storytelling, iergendeppes mat Bullshit a Schampes-funktionéiert ëmmer.

Haaptsaach on point. Campagnë solle villsäiteg sinn, dat huet och ëmmer mat Diversity ze dinn.

Kennt Dir Äre Produit? Dann ass déi nächst Campagne jo net wäit.

LOOK AND FEEL

Nieft dem Ausgesinn interesséiert eis beim éischten Date dach och wéi sech dee géigeniwwer ufillt.

Der Saach op de Grond goen- kënne mir.

Fir eis Clienten. Fir d’Häerzer vun de Clientë vun eise Clienten. Fir dass déi sech verléiwen.

MARKETING

Full service agency- dat maache mir professionell. We promise.

Net ëmsoss vertrauen dëser dach zimmlech vulgärer Agence sou munch konservativ Clienten.

Well mir déi onkonventionell Helping Hand sinn.

Simon Weber

Founder & Head of Design

Loosst eis spillen. Mat genau deem Content, dee passt a weist a wat dir gäil sidd. Content, an dem Creation stécht. Wann Äert Ausgesi fir d’Poubelle ass: Maacht nei. Mir këmmeren eis drëm. Dat ass dat, woura mir gäil sinn. Mir nennen dat Crossover Agence oder ganz einfach: All-In-One Marketing Agency. On-wéi offline.

Stefan Grub

Visual Concepts

Den alen Hues-41, hätte mir him awer och net ginn. Roueg, präzise an héich konzentréiert fënnt een hie meeschtens ganz verdéift a sengem Mac. Ëmmer op déi präzis Ausféierung vun de Wënsch vun de Clienten aus. Hien selwer gesäit sech als einfachen Typ mat komplexen Denkmusteren.

GUCCI DIRT

Mir gi bei eise Projeten ëmmer 130%, da kann et scho mol passéieren, dass eis Liblingsschong knaschteg ginn.

Wéi Dir scho bemierkt huet, si mir net di helleg zwee Kinneken. Och si mir net d’Agence vun niewendrun. Net d’Agence, déi sech esou iwwert ären Optrag freet, dass mir iech kee Paroli bidden.

Mir denken tëschent Kreuzberg a Weinberg. 

Huet dir eng Iddi? Fein. Loosst eis roueg mol eis Käpp zesumme strecken. Mir erweideren Ären internen Tunnelbléck. Sicht Iech eraus ob mat Kreativitéit oder mam Bléck op dat Ganzt. Är Clienten ticken dacks anescht wéi Dir denkt. Mir fannen eraus wéi.